Klassik aktuell
Papp vun der Berliner Operette
6 min
![on the headlines](/legacy/images/83743/image-thumb__83743__base_thumbnail/Paul%20Lincke.72724b05.jpg)
Berlin war iwwer Joerhonnerten eng Garnisounsstad, eng iwwerdimensionéiert Exerzéierwiss - ganz an der Traditioun vum preusseschen Militärgeescht, deen zanter dem Zaldotekinnek Friedrich-Wilhelm I. dat ëffentlecht Liewe markéiert huet. Dat huet sech och nach net direkt geännert, wéi dat fréiert Spree-Athen géint der Enn vum 19. Joerhonnert an eng industrialiséiert Groussstad mutéiert ass. Esou muss och dee klenge Paul Lincke seng Heemechtsstad erlieft hunn - eng Metropol am Opbroch an net manner fest verwuerzelt an der Traditioun. De Paul Lincke koum de 7. November 1866 zu Berlin op d'Welt