Aktuelles
Stroumnoutfallplang
5 min
Zanter Méint maachen d'Tensiounen am Energiesecteur Angscht virun Enkpäss am Gas- a Stroumberäich. E Blackout ass onwarscheinlech, mee kann net ausgeschloss ginn. Wéi gutt ass Lëtzebuerg op de Worst Case virbereet?
Fir d'Versuergungssécherheet ze koordinéiere gëtt et zu Lëtzebuerg eng Rei Noutfallpläng. Als éischt gëtt et de PIU vun der Kommissioun fir national Sécherheet. Donieft gëtt et nach den nationalen Ofschaltplang vun der Creos, deen eng systematesch Reduktioun vum Energieverbrauch virgesäit, fir previsibel Ausnamesituatiounen ze bewältegen. Orientéiert gi soll sech an Zukunft och un dem franséischen Ecowatt, deen de reelle Stroumverbrauch am Land uweist, fir d'Bierger ze sensibiliséieren. Déi zoustänneg Autoritéite betounen op d'Situatioun virbereet ze sinn. Trotzdeem soll europawäit Solidaritéit gewisen a Spuermesurë getraff ginn. D'Sophie Schroeder huet nogefrot.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)