Radioen

On air

Notturno  |  Skibi - Ogar

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Faarweg

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Earl McGrath war e Jet-Setter mat gudde Connectiounen an der Museks- a Film-Industrie an an der Konschtwelt. Hien huet e groussen Deel zu der Formatioun vun esou munch major Acts bäigedroen, dorënner den Daryl Hall an John Oates, Terry Allen oder Jim Carroll. Nom Earl sengem Doud 2016 huet de Journalist Joe Hagan am Kleederschaf vum Earl senger New Yorker Wunneng eng Rëtsch Tounbänner fonnt mat nach onverëffentlechte Lidder, an déi sinn elo ze héieren op "The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980" ... eng Geschicht wéi aus dem Billerbuch!

De Gyedu-Blay Ambolley, deen och als den James Brown aus dem Ghana bezeechent gëtt, ass e Meeschter vum High-Life. Hie verbënnt de Genre mat Funk, Jazz, Soul a Rap. "Blay Ambolley and Hi - Life Jazz" heescht säin neien Album.

First Word Records presentéieren op en Neits deen zu Cardiff baséierte Produzent an DJ Don Leisure mat engem neie 25 Track-Album "Shaboo Strikes Back". Fënnef Joer si vergaangen no der Verëffentlechung vun der éischter "Shaboo"- Plack, déi eng Kollektioun vu Lidder aus dem Don senger Jugend erklénge gelooss huet, Stécker, déi e Roadtrip vum Artist dokumentéiert hunn. Hip-Hop, vermëscht mat Jingele vun asiatesche Radioen ... an och haut erëm héiere mir bei "Shaboo Strikes Back" eng Hellewull Kläng an Instrumenter matenee vermëscht.

E faarwegt an ästheetesch schéint Zesummespill tëschent der Stëmm an den Texter vun der Mona Soyoc mat de melodeschen Texture vum Olivier Mellano, Gittarist, deen ë. a mam Brendan Perry vun Dead Can Dance geschafft huet, léisst dee gemeinsamen neien Album "Alive" erkléngen.

Dem Neil Young säin "Old Man" gëtt haut interpretéiert vum Beck, dee selwer e Fan vum Neil Young ass. De Beck scheit sech awer net dëst Lidd vum Neil Young fir eng Fussballs-Publizitéit ze coveren. An all Mënsch weess, datt den Neil Young säi Liewe laang refuséiert huet seng Musek fir Publizitéits-Zwecker anzesetzen ...

Ganz authentesch klengt deen neien Album vun der Sascha Ley "In Between". Schonn zanter Jore geet si ëmmer erëm eege Weeër an erfuerscht ganz verschidde Klangwelten wéi och Gesangstechniken. Eng Decouverte!

Deen zu Gent baséierten Jazz-Kollektiv Compro Oro huet en neien Album "Buy the Dip". Manner Ethno wéi viregt Verëffentlechungen, der Grupp hire fënneften Album léist méi techno-logy erkléngen: Synthien an elektronesch Effekter ginn agebonnen an Jazz, Funk Rhythmen mat exotesche Perkussiounen an Elementer aus anere Genren.

"This Stupid World" ass d'Iwwerschrëft vum neien Yo La Tengo Album, dee fir de Februar d'nächst Joer ugekënnegt gëtt. "Stupid World" ass ouni Hëllef vu baussen entstane, eng Eege-Produktioun also vum Trio aus dem New Jersey, deen zanter 1984 aktiv ass. Een Titel ass elo schonn disponibel ...

Playlist:


Mark Rodney - California - Earl's Closet: The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980
The Jim Carroll Band - Tension - Earl's Closet: The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980
Gyedu-Blay Ambolley Gyedu - Yekor Ye a Yeaba - Blay Ambolley and Hi - Life Jazz
Calypso Rose - Calypso Blues - So Calypso !
Brushy One String - Chicken In the Corn (RiseUp Original Version) - The King of One String
Don Leisure - Neon Drizzle (Hotel Shaboo) [feat. Gruff Rhys] - Shaboo Strikes Back
Beck - Old Man - Old Man - Single
Olivier Mellano & Mona Soyoc - Come In The Winter - Alive
Sascha Ley - In Between - In Between
Bugge Wesseltoft & Sidsel Endresen- Truth - Out Here In There
Compro Oro - The Lower 9th - Buy the Dip
The Mauskovic Dance Band - Zwaar - Bukaroo Bank
Yo La Tengo - Fallout - This Stupid World

Musek

Episoden

Best of 2021 - 3/3

Als klenge Kaddo eng Lëscht mat de Referenze vun Titelen an Disken, déi net konnte gespillt ginn, awer trotzdeem relevant sinn. Avis aux Amateurs!
headphones

60 min

play_arrow

Best of 2021 - 3/3

Als klenge Kaddo eng Lëscht mat de Referenze vun Titelen an Disken, déi net konnte gespillt ginn, awer trotzdeem relevant sinn. Avis aux Amateurs!

Best of 2021 - 2/3

Eng villverspriechend nei Band aus dem Ghana, New Orleans Feeling aus Skandinavien, Art Rock aus London an en Album iwwer en "Outsider".

Best Of 2021 - 1/3

Réckbléck op 2021 an d'Disken, déi sech ervirhiewen duerch hir originell Approche an Éierlechkeet, technescht Kënnen oder well se mat hire Klanglandschaften beréieren.

Nei Welten

Soul a Country wéi aus de 60ies, awer nei Produktiounen, authentesche Retour an d'70er bei e Fransous, Dialog tëschent enger Batterie a Straicher, deen Nei Welte schaaft.

Nei Welten

Soul a Country wéi aus de 60ies, awer nei Produktiounen, authentesche Retour an d'70er bei e Fransous, Dialog tëschent enger Batterie a Straicher, deen Nei Welte schaaft.

Protest Songs

Protest Songs

Spoken Music

Eng poetesch a perséinlech Approche ass bei ville vun den Nei-Verëffentlechunge festzestellen.

Spoken Music

Eng poetesch a perséinlech Approche ass bei ville vun den Nei-Verëffentlechunge festzestellen.
headphones

60 min

play_arrow

Here & Now

Eng Soul vun haut, déi kléngt wéi aus de 60er, psychedeleschen Jazz, d'Cumbia an de Rock matenee verbonnen an e Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen.
headphones

60 min

play_arrow

Here & Now

Eng Soul vun haut, déi kléngt wéi aus de 60er, psychedeleschen Jazz, d'Cumbia an de Rock matenee verbonnen an e Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen.

Roots & Innovation

En innovative Batteur mat vill Registeren, eng englesch Band mat Gedanken iwwer Verännerungen, e Blues Mann, deen Helikoptere gefléckt huet, e musikalesche Frankenstein

Roots & Innovation

En innovative Batteur mat vill Registeren, eng englesch Band mat Gedanken iwwer Verännerungen, e Blues Mann, deen Helikoptere gefléckt huet, e musikalesche Frankenstein

Palabras Urgentes

Eng musikalesch Kreatioun an eng Kollektioun vu Lidder, déi sech mat eiser schwiereger Zäit ausenanersetzen: deen neien Album vun der Susana Baca.

Automn Leaves

Marimba an déi oral Traditioun an der Süd-Pazifik Regioun, en engagéierten nigerianesch-iresche Museker, interessant Re-Editiounen a Coveren, an e Mann, deen de Blues nei erfënnt.

Cross-kulturellen Dialog

D'Musek vun den Touareg begéint franséisch Chanson, Funk aus dem Kamerun vun de 70er Joren, en afrikaneschen Tom Waits a villes méi.

Global Music

Museker op der Rees an a Collaboratioun mat Leit, déi se ënnerwee begéinen, loossen e sougenannte 'Globale' Sound erkléngen.
headphones

60 min

play_arrow

Benkadi

Benkadi