arrow_back_ios
Klassik aktuell
Rush Hour
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Als Trompettist ass hien zanter Joren an all Genre ënnerwee. Antëschent huet de Pierre Kremer och de Spaass um Komponéieren entdeckt a sech am Laf vun deene leschte Joren intensiv mat der Theorie an der Praxis beschäftegt. Seng neist Kreatioun kann een den Owend am Stater Conservatoire héieren - am Kader vun engem Concert ënner dem Titel "La gloire des cuivres". De Blechbléiserensembel vum Conservatoire spillt da "Rush Hour" vum Pierre Kremer - e Stéck fir Ensembel an Euphonium solo.