Radioen

On air

Tockcity  |  Show Me The Body - Stomach Feat. High Vis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den 22. an 23. November 2003 goufen zwou David Bowie-Showen am Point Theatre zu Dublin opgeholl. Dat Joer drop koum dës Duebelsoirée als Videoalbum ënner dem Titel "A Reality Tour" eraus. Eréischt Ufank 2010 huet de Label Columbia d'Produktioun och als regulären CD-Duebelalbum op de Maart bruecht.

Net manner wéi 33 Titelen ginn hei proposéiert, et ass praktesch e "Best of mat allen Erfolleger, déi den Englänner an d'Charts an an d'Gonscht vun de Fans bruecht huet. De Repertoire geet u bei "The Man Who Sold The World" (1970) a geet bis "Heathen" (2002) an den deemools aktuellen Album "Reality", deen zwee Méint virun der Tour publizéiert gouf.

De Gros vun de Kompositiounen si signéiert David Bowie, Co-Auteure sinn ë. a. den John Lennon ("Fame"), Queen ("Under Pressure"), de Frank Black vun de Pixies ("Cactus"), den Iggy Pop ("Sister Midnight", "China Girl") a gläich véier Mol de Brian Eno.

D'Playlist:


Iggy Pop - Louie Louie (American Caesar, 1993)
Pete Murphy - Indigo Eyes (Love Hysteria, 1988)
Siouxsie & the Banshees - Fall From Grace (The Rapture, 1995)
New Order - Everyone Everywhere (Republic, 1993)
David Bowie - Ashes To Ashes (live) (A Reality Tour, 2010)
David Bowie - Ziggy Stardust (live) (A Reality Tour, 2010)
David Bowie - China Girl (live) (A Reality Tour, 2010)
Mark Lanegan - Low (Field Songs, 2001)
Eddie Vedder - Hard Sun (Into The Wild, 2007)
Ida Sand - Woodstock (Young At Heart, 2014)
Green Day - Like A Rolling Stone (21st Century Breakdown, 2009)
Jimi Hendrix - All Along The Watchtower (Electric Ladyland, 1968)
The Doors - Riders On The Storm (L.A. Woman, 1971)

Musek

Episoden

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow