Den 9. Oktober huet de Andreas Mader den éischte Präis beim Concours vun der Walter W. Naumburg Foundation zu New York gewonnen. Dee mat 20.000 Dollar dotéierte Präis ass net deen eenzegen, deen de jonke Saxofonist aus Tirol mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg an deene leschte Woche gewonnen huet.
De Luc Boentges huet mam Andreas Mader iwwer säi rezente Succès geschwat.