Radioen

On air

Notturno  |  Évé - Zoeira

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Klimawandel konkret zu Lëtzebuerg

Klimawandel konkret zu Lëtzebuerg

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Grouss Aktioune si wichteg, awer och kleng Aktiounen, mat deene mir eis all engagéiere kënnen.

De Klimawandel ass e Fakt, awer et ass keng Fatalitéit géint déi et keng Léisung gëtt. Déi verbreet Iwwerzeegung, datt den Eenzelen d'Situatioun net ännere kann op senger eegener Skala, ass falsch. Fir d'éischt erënnere mir, wat de Klimawandel fir d'Atmosphär an d'Wieder zu Lëtzebuerg bedeit. Wéi gouf d'Temperatur bis elo scho beaflosst, a wéi eng Prognose kënne mir fir d'Zukunft maachen? Lues a lues kréie mir déi Ännerungen ze spieren, och wa se nach net dramatesch schéngen.

Ännerung am Klima: Eis duerchschnëttlech Lofttemperatur ass vun 8,3°C op 9,8°C geklommen, grad wéi och eng staark Hausse vun den Hëtztdeeg (iwwer 30°C) an vun den extreemen Hëtztdeeg (iwwer 35°C) registréiert goufen.

Wéi ass et mat den Nidderschléi, mam Schnéi a mat den Hëtzdeeg? Mir berouen eis hei op déi offiziell wëssenschaftlech Donnéeë fir Lëtzebuerg. Mir wäerten och déi problematesch Konsequenze vum Klimawandel zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp huelen: méi Drécheperioden, méi extreem Wiederevenementer, ekologesch Perturbatiounen ... De Klimawandel ass eng eescht Saach, mir mussen eis bewosst sinn, wéi eng Erausfuerderung virun eis steet. Fir op enger positiver Nout opzehalen, deele mir natierlech och e puer Iddie fir konkret alldeeglech Gesten, déi jiddweree lues a lues als ekologesch Gewunnechten ophuele kann. Grouss Aktioune si wichteg, mee hei konzentréiere mir eis op kleng Aktiounen, déi jiddwereen engagéieren

Informatiounen an Erklärunge ginn et mam Gil Kirchen vun der Ëmweltberodung, deen och dëst recommandéiert fir all aktiv Klimabierger:


- Mir hunn elo gratis ëffentleche Verkéier, esou brauche vill Leit net méi op den Auto zeréckzegräifen.

- Manner Déiereprodukter iessen ass e grousse Schrëtt. Eng ganz vegan Ernärung z. B. reduzéiert d'CO2-Emissiounen ëm d'Hallschent.

- Lokaalt a saisonal Uebst a Geméis spuert och Energie a CO2.

- Mir liewen zu Lëtzebuerg gréisstendeels am Confort an de Konsum ass héich. Vill kafen heescht och vill produzéieren, a vill produzéieren heescht vill CO2. Mir kéinten ëfters aus zweeter Hand kafen, mat den Noperen deelen, al Saache wäertschätzen a flécken oder souguer selwer kreativ ginn a bastelen.

- Mir denken net onbedéngt drun, mee gesond, lieweg Biedem späicheren CO2. Eng aner Iddi ass also einheimesch Blummen ze planzen an de Gaart mat Kompost ze düngen.



Politik a Gesellschaft

Episoden

Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?

Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger

De Wollef zu Lëtzebuerg?

De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?

De Bësch vu muer

De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?

Och de Buedem muss geschützt ginn

D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.

Erfarunge mat Photovoltaik

Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
on.perfekt

on.perfekt

D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
headphones

6 min

play_arrow

Carboncounter a Verglach-Plattform

Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.

Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?

Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?

Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?

Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger

Letz Talk about Klima

D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.

De Problem mat der Saison

Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.

KreaVert

En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
Greenwashing

Greenwashing

Ekologie an Ëmweltschutz déngen haut dacks als Verkafsargument. Wann de Produit net esou gréng ass wéi seng Reklamm et suggeréiert, da schwätzt ee vu Greenwashing.
headphones

4 min

play_arrow

Esouvill wéi méiglech recycléieren

Fir d'Potenzial vum Offall opzeruffen, muss ee probéieren alles ze recycléieren. An do ka jidderee mathëllefen.

Wéi ee Potenzial huet Offall?

Et ass eng Ressource, déi quasi onendlech ass an dofir och vill Potenzial huet.

Wéi steet et ëm de Vëlo?

An der europäescher Mobilitéitswoch gouf vill op de Vëlo gesat? Mee wéi gesäit dat am Alldag aus?

Rainforest.lu

D'ASBL ënnerstëtzt zanter 2013 e Projet vun der Universitéit Wien, bei deem am Costa Rica Beem geplanzt ginn.