Radioen

On air

Tockcity  |  Adult DVD - Do Something

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Bei der englescher Formatioun The Pretenders steet d'Sängerin a Gittaristin Chrissie Hynde am Mëttelpunkt: si huet d'Band 1978 gegrënnt, ass zanterhier als Frontfra an der éischter Rei omnipresent, an och déi grouss Erfolleger vun de Pretenders kommen aus hirer Fieder.

D'Grupp huet an all deenen Jore just eelef Albumen opgeholl, dee leschten 2020 ("Hate For Sale"). An hirer Diskographie si virun allem kuerz a rockeg-knackeg Singlen ze fannen, déi ufanks den 80er Joren uewen an den Charts waren, wéi "Stop Your Sobbing" (e Kinks-Cover), "Brass In The Pocket", "Back On The Chain Gang", "Middle Of the Road" oder déi méi roueg Nummeren "I Go To Sleep" an "I'll Stand By You".

D'Chrisse Hynde huet och Solo-Aarbechten opgeholl, dorënner en Tribute-Album fir de Bob Dylan ("Standing In The Doorway", 2021). Viru siwe Joer koum hir Biographie mam Titel "Wreckless" eraus.

D'Playlist:


Elvis Costello - Watching The Detectives (My Aim Is True, 1977)
Thin Lizzy - Dancing In The Moonlight (Bad Reputation, 1977)
Talking Heads - Psychokiller (Talking Heads '77, 1977)
Wire - Ex-Lion Tamer (Pink Flag, 1977)
The Stone Roses - (Song For My) Sugar Spun Sister (The Stone Roses, 1989)
Jesus & Mary Chain - Halfway To Crazy (Automatic, 1989)
Wooden Shjips - These Shadows (Back To Land, 2013)
The Pretenders - Middle Of The Road (Live From New York, 2009)
The Pretenders - Don't Get Me Wrong (Live From New York, 2009)
The Pretenders - Back On The Chain Gang (Live From New York, 2009)
Israel Nash - Rain Plans (Rain Plans, 2014)
Ray LaMontagne - Beg Steal Or Borrow (Good Willin' And The Creek Don't Rise, 2010)
Ride - Natural Grace (Carnival Of Light, 1994)
Allah-Las - Ela Navega (Allah-Las, 2012)

Musek

Episoden

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow