Panorama
Panorama
13 min
1. D'Appeller fir Energie ze spuere schénge Friichten ze droen: am September ass 26 Prozent manner Gas verbraucht ginn, wéi an der Moyenne vun de Jore virdrun
2. Och d'Coque spuert Energie: d'Ouvertureszäite gi geännert an d'Temperature vun de Basengen ugepasst
3. Recommandatioun vun Energieministère un d'Gemenge fir d'Stroosseluuchten tëschent eng a fënnef Auer Nuets auszemaachen
4. De Logementsminister huet d'Gesetz iwwer d'Mietverträg virgestallt
5. De Santésdirekter Jean-Claude Schmit erkläert d'Ännerungen vun den aktuelle Covid-Mesuren
6. Éischt Reunioun zu Prag vun der Europäescher Politescher Communautéit
7. Amnesty International: zanter e Freideg sinn op d'mannst 82 Demonstranten an der iranescher Stad Zahedan vun der Police erschoss ginn
8. Massaker a Crèche an Thailand: Mann erschéisst 37 Mënschen, dorënner iwwer 20 Kanner
9. De Literatur-Nobelpräis geet un déi franséisch Schrëftstellerin Annie Ernaux
10. De Lëtzebuerger Kuerzfilm "La valise rouge" vum Realisateur Cyrus Neshvad gouf um Internationale Filmfestival vun Tirana ausgezeechent an ass domat an der Preselektioun fir d'Oscaren