arrow_back_ios
Klassik aktuell
Brécke bauen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
![on the headlines](/legacy/images/69136/image-thumb__69136__base_thumbnail/Ukrainesche%20F%C3%A4ndel.735e9f7a.jpg)
Brécke bauen tëschent de Mënschen, tëschent ënnerschiddleche Kulturen - dat ass de roude Fuedem vum Programm vun engem Concert zu Gonschte vun de Mënschen an der Ukrain muer Mëttwoch (5.10.2022) um 18:30 am Auditorium vun der Banque de Luxembourg. Interpretéiert gi Wierker vu Brahms, Milhaud, Dorneanu a vun dem ukrainesche Komponist Andriy Lehki. Mat um Podium steet déi ukrainesch Sängerin Olena Afanasieva, déi virun e puer Méint vu Lviv op Lëtzebuerg geflücht ass.
Musek