Biotop
Botzmëttelen: harmlos oder mat verstoppte Gëfter?
12 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Botzmettel.jpeg)
Als Koordinator vun der Campagne "Ouni Pestiziden" informéiert d'Ëmweltberodung Lëtzebuerg och iwwer d'Bioziden. Biozide si gëfteg Stoffer, déi Pilzen, Bakterien, Viren oder aner lieweg Organismen ofdéiten. Et sinn dacks déi selwecht Substanzen, wéi an de Pestiziden aus der Landwirtschaft oder dem Gaart - si heeschen awer Bioziden, wa se am Haushalt benotzt ginn. Biozide si gëfteg a stellen doduercher eng Gefor fir eis Gesondheet a fir d'Ëmwelt duer.
Biozoden sinn all ze heefeg an de Botzmëttelen an aner Haushaltsmëttelen ze fannen. De Consommateur kann d'Bioziden a sengem Haushalt vermeiden, andeems e Botz-Produite mat "Kraaftausdréck" op den Etiketten oder mat der Indikatioun ze desinfizéiere vermeit. Als Alternativ ouni Biozide kann ee Botz- an Hausmëttele mam Label vun der Superdreckskëscht oder dem EU-Biolabel benotzen.
D'Botze mat rengem Esseg ass eng weider gesond- an ëmweltfrëndlech Méiglechkeet.
En Insektegitter verhënnert, datt Mécken, Spannen an aner Déieren an d'Haus erakommen, esou ass d'Benotze vu Biozid-haltege Mëttele vu vir eran net néideg. Huet een där Plogeeschter am Haus, esou si mechanesch Alternativen ze recommandéieren.
Schimmel vermeit een am beschten duerch reegelméissegt a richtegt Lëften. Biozid-haltege Spray ass a schwéiere Fäll souwisou net hëllefräich, bei klengem Befall geet Esseg duer fir de Schimmel ewech ze maachen.
Weider Informatioune mat der Marienne Kollmech vun der Ëmweltberodung
Episoden
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
De Wollef zu Lëtzebuerg?
De Wollef ass zeréck zu Lëtzebuerg! Musse mir elo fäerten, wa mir nuets an de Bësch spadséiere ginn?
De Bësch vu muer
De Bësch ass wichteg fir d'Ëmwelt, leit awer och ënner dem Klimawandel. Mee wat kann ee maache fir de Bësch méi widderstandsfäeg ze maachen?
Och de Buedem muss geschützt ginn
D'Biedem sinn am Ëmweltschutz vläicht net ëmmer esou present, mee e gesonde Buedem ass wichteg fir de gudde Fonctionnement vun der Ëmwelt.
Erfarunge mat Photovoltaik
Wéi einfach oder schwiereg ass et eng Solaranlag op den eegenen Daach z'installéieren? U wat muss een do alles denken?
![on.perfekt](/legacy/images/30035/image-thumb__30035__base_thumbnail/Muerten.b4097f12.jpg)
on.perfekt
D'Kooperativ verkeeft a sengem Pop-Up Store zum Beispill Geméis, dat et opgrond vun der Optik net bis an de Supermarché packt.
Carboncounter a Verglach-Plattform
Wëllt ee sech haut fir en nohaltegen Auto entscheeden, ginn et online Hëllefe fir dës Decisioun. Änlech ass et beim Choix vun der Elektro-Borne.
Wat muss ee bei der Photovoltaik wëssen?
Deel vum nationalen Energie- a Klimaplang ass et, datt och Privatpersoune bei der erneierbarer Energie hëllefen. Mee wat muss een do wëssen?
Nohalteg Ernärung - wat kann de Konsument maachen?
Argentinesche Bifdeck, Drauwen aus Indien an Tomaten aus Neuseeland - nohalteg akafe geet anescht. Mee wéi? E Gespréich mat der Ernärungssoziologin Rachel Reckinger
Letz Talk about Klima
D'Koalitioun United for climate justice huet dës Initiativ an d'Liewe geruff, fir d'Klima-Thematik an den ëffentleche Raum ze bréngen.
De Problem mat der Saison
Wéini ass et un der Zäit, e bestëmmte Geméis oder Uebst ze kafen? Dat ass deelweis guer net esou offensichtlech, wéi een kéint mengen.
KreaVert
En INTERREG-Projet, vu fënnef Partner aus der Groussregioun, bei dem et drëms geet d'Stied méi gréng ze maachen.
![Greenwashing](/legacy/images/25031/image-thumb__25031__base_thumbnail/Euro-Sch%C3%A4iner%20un%20der%20W%C3%A4schl%C3%A9ngt.72e03394.jpg)