arrow_back_ios
Aktuelles
Maternité vum Ettelbrécker Spidol: De Bilan intern fällt positiv aus
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Véier Méint no der Reouverture vun der Ettelbrécker Maternité weist den Direkter vum Ettelbrécker Spidol Dr. Paul Wirtgen sech zefridden. Mat deem neie Konzept wier een nees komplett ekipéiert fir der Mamm an dem Puppelchen dat Beschtméiglechst kënnen ze garantéieren, esou den Dr. Paul Wirtgen. Där Meenung ass och d'Gynekologin Dr. Stephanie Beckené, déi hir Praxis zu Ettelbréck huet an d'Accouchementer an der Maternité vum CHDN assuréiert. D'Marlène Clement huet mat hir geschwat.
Noriichten