arrow_back_ios
Weekend-Event
Super Maart
Dëse Weekend leeft déi zweet Editioun vum "Super Maart" an de Rotonden. D'Amateure vun Design, Iessen, Kleeder a soss nach aussergewéinlechen Accessoire kommen haut a muer zu Bouneweeg garantéiert op hir Käschten. De Minetter Kënschtlerkollektiv "Noc.Turn" krut "Carte Blanche" fir an de Rotonden e gelongene Mix aus Paraïsser Floumaart a Culture Club Underground z'organiséieren. De Philippe Hansen huet dofir mat der Chargée fir d'relations publiques aus de Rotonden, der Véronique Heitz geschwat.