Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

D'Lucinda Williams, Joergang 1953, gehéiert zu de renomméiertsten US-amerikanesche Vertriederinne vum Rootsrock, dem americana. Als singer/songwriterin geet si an hire Lidder reegelméisseg op den Alldag an hirer Heemecht an ... dee si net ëmmer duerch de rosaroude Brëll gesäit, mee wou si munch Gro-Téin afléisse léisst.

D'Musikerin profitéiert vun hiren Tournéeën uechter d'States, fir - dacks am Tourbus - Andréck vu Landschaften a Mënschen, deene si begéint, zu Pabeier ze bréngen an duerno ze vertounen. E gutt Beispill heifir ass hiren Duebel-Album vun 2014 "Down Where The Spirit Meets The Bone", op deem si Erlieftes a Gedanken iwwer divers Tour-Statiounen um nordamerikaneschen Highway 29 verschafft.

1998 kruet d'Lucinda Williams e Grammy fir hiren Album "Car Wheels On A Gravel Road". Och mat zwee rezente Cover-Wierker huet si op sech opmierksam gemaach: "Bob's Back Pages: A Night Of Bob Dylan Songs" (2020) an deem neien 22er "Lu's Jukebox Vo.6: You Are Cordially Invited ... A Tribute To The Rolling Stones".

D'Playlist vun haut:


Stan Ridgway - Roadblock (Partyball, 1991)
Jethro Tull - Mrs. Tibbets (The Zealot Gene, 2022)
Xavier Rudd - Fresh Green Freedom (Koonyum Sun, 2010)
Keith Richards - Eileen (Main Offender, 1992)
Paul Weller - Has My Fire Really Gone Out? (Wild Wood, 1992)
Iggy Pop - Highway Song (American Caesar, 1992)
Lucinda Williams - Are You Down? (Live At The Fillmore, 2005)
Lucinda Williams - Out Of Touch (Live At The Fillmore, 2005)
Thurston Moore - Smoke Of Dreams (Rock 'n' Roll Consciousness, 2017)
Patti Smith - Jubilee (Trampin', 2004)
Pink Floyd - Free Four (Obscured By Clouds, 1972)
Kenny Neal/Lucky Peterson/Tab Benoit - Revolution (The Blues White Album, 2003)


Musek

Episoden

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow