arrow_back_ios
Weekend-Event
FluppdiFipps II
Kënne mir eis Gefiller a Gedanken einfach esou änneren? Wéi geet dat? Äntwerten op dës Froe ginn et haut a muer an dem interaktiven a multisensoriellen Theaterstéck "Fluppdifipps" vun der Fondation EME am Espace Découverte vun der Philharmonie. Eng Produktioun déi entwéckelt ginn ass fir Mënsche mat psycheschen a kierperleche Beanträchtegungen. De Philippe Hansen huet bei der Sarah Bergdoll nogefrot, d'Coordinatrice vum Projet.