Panorama
Panorama
12 min
1. Den Ukrain-Krich an d'Energiekris stoungen am Mëttelpunkt vun der Ried zur Lag vun der Unioun vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Stroossbuerg
2. Spéitstens ufanks d'nächst Joer geet déi éischt Waasserstoff-Tankstell am Logistik-Hub zu Beetebuerg op
3. Den Energieminister Claude Turmes weist Virwërf vu Piraten a Saache Gewënnmargë fir Pëtrolskonzerner an Tankstellebedreiwer zeréck
4. Separat Reuniounen haut vu Regierung mat Patronat a Gewerkschafte fir d'Tripartite virzebereeden
5. Den Europäesche Geriichtshaff huet de Recours vu Google géint d'Rekordstrof vun der EU-Kommissioun vu 4,3 Milliarden Euro rejetéiert
6. Hiweiser op Folter a Krichsverbriechen vu russeschen Truppen a Gebidder am Oste vun der Ukrain
7. Zéngdausende Mënsche ginn zu London erwaart fir den Defilé vun der Queen hirer Doudelued vum Buckingham Palace an d'Westminster Hall
8. Zweet Etapp vum Tour de Luxembourg vu Jonglënster op Schëffleng
9. Fussball Champions League: Juventus spillt géint Benfica a Manchester City géint Dortmund