Panorama
Panorama
1. Militäresch Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg fir d'Ukrain: Bis elo hätt Lëtzebuerg Waffen a militärescht Ekipement an Héicht vu 66 Milliounen un d'Ukrain geliwwert, esou de François Bausch
2. Den LSAP Minister Franz Fayot ass vun haut bis e Freideg op Aarbechtsvisitt an de besate palästinensesche Gebidder
3. Laang Waardezäite wann ee Problemer mam Mo oder Daarm huet: D'CSV schwätzt vu fënnef bis siwe Méint Waardezäit fir eng Endoskopie
4. Däitschland léisst zwee Atomreaktere ronn véier Méint méi laang um Netz wéi geplangt.
5. Bei der gréisster däitscher Fluggesellschaft Lufthansa wëllen d'Pilote muer scho nees streiken
6. No de Messerattacke mat zéng Doudegen an der kanadescher Provënz Saskatchewan huet d'Police d'Läich vun engem vun den zwee verdächtege Männer fonnt
7. An der südukrainescher Regioun Cherson hunn déi russesch Besatzungs-Autoritéiten e sougenannte "Referendum" fir e Bäitrëtt zu Russland bis op Weideres verluecht
8. Fussballfederatioun: De Claude Kremer wéilt fir de Poste vum FLF President géint de Paul Philip untrieden, esou d'Wort