Album vun der Woch
Dat grousst amerikanescht Dauschen
5 min
Wie fläisseg d'Netflix-Serie "Sex Education" gekuckt huet, deem wäert d'Stëmm vum Ezra Furman ënner Ëmstänn kënneg virkommen, well d'Songschreiwerin huet fir dës Show nämlech de Soundtrack komponéiert. Deemools huet de 35-järege Museker nach männlech Pronome benotzt, zënterhier huet d'Ezra Furman sech awer als Transfra geout an thematiséiert déi perséinlech Verännerungen och a sengem neien Album "All Of Us Flames", deen de leschte Freideg frësch erauskoum. Et ass eng Plack, déi Referenzen am klasseschen amerikanesche Rock léint, beim Bruce Springsteen a beim Tom Waits, dës awer op eng ganz eegen an originell Manéier ëmsetzt, seet d'Claudine Muno.
Episoden
Nostalgeschen Optimismus
Mat "Loose Future" ass der amerikanescher Musekerin Courtney Marie Andrews en nostalgeschen Album gelongen, deen trotzdeem no vir kuckt.
Sorry - Anywhere but here
Eng batterséiss Plack, vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten.
Sorry - Anywhere but here
Eng batterséiss Plack, vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten.
Déif ënne bei de Champignonen
D'Björk mellt sech mat "Fossora" zeréck a beweegt sech tëschent orchestréierte Sträichinstrumenter a knallhaarde Beats.
Vu Flamingoen a vereentenen Deeg
Eng ganz eege musikalesch Welt erschaaft d'Jesca Hoop. Och op hirem sechsten Album "Order of Romance" weess d'Songschreiwerin ze begeeschteren.
Vu Flamingoen a vereentenen Deeg
Eng ganz eege musikalesch Welt erschaaft d'Jesca Hoop. Och op hirem sechsten Album "Order of Romance" weess d'Songschreiwerin ze begeeschteren.
Jockstrap - I Love You Jennifer B
Jockstrap hu schonn e puer Joer laang all Aen an Oueren op sech geriicht. Véier opfälleg EPen an eng Handvoll Singelen hunn dem Londoner Duo vill gehuewen Aperhoer abruecht.

![Tëschent Realitéit a Fantasie](/legacy/images/79972/image-thumb__79972__base_thumbnail/Marina%20Allen.224a0c26.jpg)
Tëschent Realitéit a Fantasie
Op hirem neien Album "Centrifics" beséngt d'Marina Allen ënnerlech an äusserlech Welten.
![Tëschent Realitéit a Fantasie](/legacy/images/79972/image-thumb__79972__base_thumbnail/Marina%20Allen.224a0c26.jpg)