arrow_back_ios
Kultur
De Carillon an der Basilika - e spektakuläert Instrument
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De Carillon: et ass en Instrument, vun deem warscheinlech déi mannst wëssen, datt et et gëtt. An der Basilika zu Iechternach steet ee Carillon - dat uewen an engem vun den Tierm, op enger Héicht vun ongeféier 80 Meter a just iwwer méi wéi 100 Träppleker erreechbar. Wéi all Joer huet de Fabrice Renard, de Carillonneur vun der Basilika, och dëst Joer véier Mol mëttwochs hei e Concert gespillt.
D'Marie Schockmel war an ee Concert lauschteren an huet sech mam Fabrice Renard iwwer säi ganz besonnescht Instrument ënnerhalen.