E Sonndeg 31te Juli stinn d'Vinyl Placken am Mëttelpunkt vum "Vide Disques / Merch-o-Rama" an de Bouneweger Rotonden. E klassesche Placke Floumaart op deem et net nëmmen al a nei Musek z'entdecke gëtt, heiansdo fënnt een eng rare Pärel oder Museker merchandising deen ee vläicht soss néierens méi kritt. Huet de Vinyl dann ëmmer nach dee selwechte Succès wéi viru 50 Joer oder wéi virun 15 Joer wou déi schwaarz Scheif stënterlech nees ënnert d'Leit komm ass? De Nicolas Przeor gëtt dem Philippe Hansen eng Rei Äntwerten.
arrow_back_ios
Weekend-Event
Vide Disques/ Merch-o-Rama an de Rotonden
Episoden
Fest vun der Natur
De 14. Juni si beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier Workshoppen organiséiert a verschidde Verkafs- an Infostänn sinn op der Plaz.
SICONA-Dag
De 6. Juni kann ee beim Atelier vun der SICONA vill iwwer hir Projete gewuer ginn a wéi Naturschutz funktionéiert.
Kannerfestival
Den 30. an 31. Mee ass am Neimënster de Kannerfestival, bei deem et ganz vill Atelieren a Workshoppen ze entdecke gëtt.
De Bealtaine Festival
Den 23. a 24. Mee, organiséieren d‘Lëtzebuerger Guiden a Scoute fir déi 11. Kéier hire Bealtaine Festival um Neihaischen zu Schëtter.
OarbechterKiermes
Hei geet et drëms de Flair vu Kiermes aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert nees opliewen zeloossen.
Nuclear Paradise
Eng Foto-Expo, déi sech mat der Pazifik-Insel Hao beschäftegt. 30 Joer laang huet déi Insel eng wichteg Roll bei franséischen Atomtester gespillt.
Beyond the Wall
En Dag ronderëm d’Graffiti-Kultur de 25.04. am Schluechthaus an der Stad
Mini PICelectroNIC am Park
De Familljenfestival vun de Rotonden ass och dës Kéier nees am Quartier Bouneweg.