Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Neil Young - Harvest

Neil Young - Harvest

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

Bis haut ass "Harvest" dem Neil Young säi meeschtverkaaften Album - dat hat am Februar viru 50 Joer wuel kaum ee bei der Sortie geduecht. Opgeholl gouf den Album zu Nashville an a Kalifornien op der Ranch vum Kanadier. Zweemol ass onerwaart e symphoneschen Orchester derbäi a generell ass d'Wierk éischter roueg gehale mat méi akustesche wéi elektresche Gittaren.

Niewent "Heart of Gold" gouf "Old Man" e weidere Klassiker vum Museker. Ergräifend ass d'Kompositioun "The Needle and the Damage Done", wou et ëm den Drogendoud vum Matmuseker Danny Whitten geet.

De Fred Medernach kuckt op d'Wierk zeréck, dat viru 50 Joer op de Maart koum.

Musek

Episoden

Kings of Convenience-Quiet Is The New Loud (2001)

De Kings of Convenience hir batterséiss Manéier ass direkt erëmzëerkennen an duerchzitt hiren Debut wéi ee roude Fuedem.

Caetano Veloso - Caetano Veloso

Dem brasilianesche Singer Songwriter säin Album aus dem Exil zu London am Joer 1971

Joni Mitchell - Blue (1971)

Der kanadesch-amerikanescher Songwriterin Joni Mitchell hir véiert Plack feiert 2021 hir 50 Joer.

Paul Simon - Paul Simon (1972)

Dem Paul Simon seng éischt Soloplack no dem Aus vu Simon & Garfunkel knäppt 1972 un den Erfolleg vum Duo un.

Eric Clapton - Another Ticket

Dem Mr. Slowhand säin 1981er Release, e Mix aus Rock, Pop a senger éischter Léift, dem Blues.

Siouxsie & the Banshees - Ju Ju (1981)

D'Siouxsie Sioux ass Expertin an der Beschreiwung vu widderspréchleche Gefiller an der Erfuerschung vun de Schieter an der mënschlecher Natur.

Franco Battiato Retrospektiv

De kierzlech verstuerwenen italienesche Pop Avant-Gardist hannerléisst e ganz breetgefächert Wierk

Otis Blue - Otis Redding Sings Soul

De Klassiker vum jong verstuerwene Soul-Interpret aus dem Joer 1965

Bert Jansch - Rosemary Lane

En intimistescht Folk-Barock Wierk vun 1971, dat verdreemt an d'Vergaangenheet kuckt.
headphones

12 min

play_arrow

Echo & The Bunnymen - Heaven Up Here (1981)

Echo & the Bunnymen verblatzen heiansdo nieft de faarwege Karriäre vun New Wave Zaitgenosse wéi The Cure oder The Human League.

R.E.M. - Automatic For The People

No "Out Of Time" aus dem Virjoer leeën déi véier Museker ronderëm de Michael Stipe am Oktober 1992 direkt no.

John Martyn - Bless The Weather

De brittesche Folk Museker bleift op sengem 71er Album intensiv, mysteriéis an e bëssen niwweleg.

Kings of Convenience-Quiet Is The New Loud (2001)

De Kings of Convenience hir batterséiss Manéier ass direkt erëmzëerkennen an duerchzitt hiren Debut wéi ee roude Fuedem.

Queen - A Day At The Races

Dee fënnefte Studioalbum vun der Band ronderëm de Freddie Mercury aus dem Joer 1976 ass no engem Film vun de Marx Brothers benannt.

Bob Dylan - Desire

Eng Hellewull Museker an eng epesch Folk Narratioun maachen "Desire" vun 1976 zu engem chaoteschen an dach immens ergräifendem musikalesche Fest.

Who's Next - The Who

Den Album deen d'Handschrëft dréit vum Pete Townsend feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag

Harry Nilsson - Nilsson Schmilsson

Deen exzentresche Lidderschreiwer liwwert 1971 eng glat an dach koppeg Plack, déi groussen Uklang fënnt.

DAF - Alles ist gut (1981)

Mat senge radikalen a sexuell geluedene Songs huet deen däitschen Duo Deutsch Amerikanische Freundschaft. d'Weiche gestallt fir eng ganz Generatioun vun elektronesche Museker.

Marcos Valle - Garra

Säin 71er Album bitt symphonesch brasilianesch Pop Musek vum Feinsten.

Electric Warrior - T. Rex

Viru 50 Joer huet d'Band rondrëm de Marc Bolan mat dësem Album e neie Genre agelaut: de Glamrock. Musek fir d'Oueren a fir d'Aen ...