Aktuelles
Teletravail: Patronat ass mat Ziler vu Petitioun averstanen
4 min
D'Patronat ass mat den Ziler aus enger rezenter beléifter Petitioun iwwer den Teletravail averstanen. Méi wéi 12.300 Leit hunn d'Petitioun an der Chamber schonn ënnerschriwwen. Den Text fuerdert bis zu zwee Deeg Teletravail d'Woch, och fir Frontalieren. De Michel Reckinger, President vun der UEL seet, all Léisung, déi et de Salariéë méi einfach mécht fir hei am Land ze schaffen, wier eng gutt Léisung. D'Patronstsvertrieder ginn awer ze verstoen, datt ee bei de Frontalieren nach wäit vun zwee Deeg Homeoffice d'Woch ewech ass. Beim Teletravail fir d'Frontaliere sinn d'Betriber den Ament mat verschiddenen deels restriktiven internationale Bestëmmunge konfrontéiert. Deemno géif d'Handwierkerfederatioun hire Betriber rode gutt op déi international Besteierungsreegelungen an op d'Securité sociale opzepassen, esou de Generalsekretär Romain Schmit.
Weider Detailer vum Maxi Pesch
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)