Musek Aktuell
Screaming Fields: Trouble In Paradise
6 min
Si sinn eng jonk Trupp aus verschiddene Schoulen, inklusiv Waldorf- an Europaschoul. Hire Projet hu si mat vill Schweess aus dem Buedem gehuewen, nodeems si aus Spaass de Song "Obnoxious" opgeholl haten, an op Gold gestouss sinn ... Rock-Influenzen an R&B komme bei hinnen zesummen. De Fakt, datt jiddweree vun hinne verschidden Instrumenter spille kann a reegelméisseg Rendez-vouse fir ze schreiwen an opzehuelen, erlaben et dëse passionéierte jonke Museker alles ze verwierklechen, no wat hinnen d'Häerz glëscht - an dozou gehéiert och d'Geschichten erzielen, wéi si dem Marc Clement dat soten.