De leschte Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg steet ënner dem Motto "Viva Verdi". Verstäerkt mat zwee Operesänger an dem Choeur de Chambre de Luxembourg trëtt den OPL dëse Freideg (9.07.) op der grousse Open-Air-Bün op der Kinnekswiss an der Stad op. Dirigéiert ginn d'Musekerinnen an d'Museker vum Gustavo Gimeno.
De Luc Boentges huet mam Matthew Studdert-Kennedy, dem Chef vun der Artistic planning division an der Philharmonie, iwwer dësen Optrëtt geschwat.