Musek Aktuell
Zirocco um Screaming Fields 2022
8 min
En Abléck an déi jonk Lëtzebuerger Musekszeen, dat kritt een dëse Samschdeg um Screaming Fields Festival gebueden. Vu Metal, Pop iwwer House bis hin zu südamerikanescher Volleks-Musek - esou gesäit de Line-Up fir d'Editioun 2022 aus. Aacht Acts hu sech duerchgesat a wäerten dann de Weekend an der Rockhal optrieden.
Dës Woch stelle mir Iech dës Newcomer Bands, Museker a Musekerinnen hei op der Antenn um radio 100,7 vir. Haut héiere mir vun enger Metal Band, zesummegesat vu Schüler vun der International School an dem Lycée Vauban.