Panorama
Panorama
12 min
Den Direkter vun der Santé geet dovun aus, datt déi aktuell Well vun neie Corona-Infektiounen dës Woch mat den Nowierkunge vun Nationalfeierdag hiren Héichpunkt erreecht
D'Klima am Prisong zu Schraasseg wier rau, seet de Prisongsdirekter Serge Legill
Optakt um Geriicht zu Dikrech vum Prozess ronderëm d'Accident zu Lausduer, bei deem ee Polizist ëm d'Liewe komm war
Kollektivvertragsverhandlunge fir d'kollektiv Restauranten nees lancéiert
De Lycée Mathias Adam bitt vun nächster Rentrée un eng franséischsproocheg Filière fir de Bac international un
Op d'mannst dräi Doudeger bei Amoklaf zu Kopenhagen, warscheinlech keen terroristeschen Hannergrond
De Bilan nom Gletscherbroch an den italieeneschen Dolomiten ass op sechs Doudeger geklommen
Op en Neits gouf an den USA e Schwaarze vu Polizisten erschoss
Zu Paräis ass déi franséisch Regierung presentéiert ginn, mat ënner anerem dem François Braun als neie Gesondheetsminister