Musek Aktuell
Salam
5 min
A Frankräich kënnt haut den Dokumentarfilm "Salam" iwwer d'Raperin Diam's an de Kino. D'Pionéierin vum franséische Rap huet hirer musikalescher Karriär virun 13 Joer en Enn gesat an ass zum Islam konvertéiert. Mee de Film suergt scho viru senger Diffusioun fir Kontroversen: d'Diam's géing Reklamm fir Salafismus maachen, esou d'Kritik. A Frankräich réckelt d'Relioun ëmmer méi an den Zentrum vun der ëffentlecher Debatt. D'Rapperin Diam's ass d'Symbolfigur vun dëser Diskursverschiebung, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.