arrow_back_ios
Klassik aktuell
Pionéier vum Chouergesang
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
![on the headlines](/legacy/images/77194/image-thumb__77194__base_thumbnail/Friedrich%20Silcher.6739cdda.jpg)
Et ass definitiv een Zoufall, datt de Friedrich Silcher am Revolutiounsjoer 1789 op d'Welt koum. An awer bleift dësen Datum am spéidere Wierke vum Komponist a Pedagog net ouni Bedeitung. De Friedrich Silcher ass am Ufank vum 19. Joerhonnert de Protagonist vum Vollekslidd, an enger Zäit, wou d'Romantik an Däitschland déi eege Geschicht entdeckt, wou Soen a Märercher gesammelt a verzielt ginn.
Musek