arrow_back_ios
Musek am Gespréich
De Kerry Turner
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
Dem Felix Mendelssohn Bartholdy seng "schottesch" Symphonie war dat lescht Wierk, dat de Kerry Turner als Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg gespillt huet. No 35 Joer war de Cornist a Komponist an d'Pensioun gaangen. An deene leschten Deeg war de Kerry Turner awer emol nees eng Kéier zu Lëtzebuerg - als Komponist vum offizielle Wierk fir d'Feierlechkeete vun Nationalfeierdag an der Philharmonie.