Musek Aktuell
D'Live-Musek no de Covid-Mesuren
7 min
D'Lockere vun de Covid-19-Restriktiounen an deene leschte Méint huet d'Museker an d'Organisateuren opootme gelooss. Wéi mir et zanter dem Ufank vun der Pandemie gemaach hunn, verfollege mir d'Alease vu Museker, Manager, Booker a Co., duerch onsécher Zäiten, genee wéi hir Geschichten an Aschätzungen. Ass de Schued, deen d'Lockdowne mat sech bruecht hunn, ze flécken? Kënnt den internationalen Touring-Circuit erëm zesummen? Wéi geet et de Strukturen, déi Live-Musek ubidden oder fërderen?
Den USINA22 Festival, dee jo vun engem Zesummeschloss vu Concertshaiser vun hei organiséiert gouf, war déi perfekt Geleeënheet fir nozefroen. Gäscht op der radio 100,7 Table ronde um Usina waren d'Musekmanagerin Stephanie Baustert, de Museker Tun Biever vun der Band Tuys, d'Bookerin Vicky Zeimetz vum Atelier an de Rapper Metteo Griz Wolff alias Culture The Kid.
Moderatioun: Marc Clement.