Klassik aktuell
D'Gesiicht vum Wiener Neijoerschconcert
5 min
Hie war d'Gesiicht vum Wiener Neijoerschconcert: de Willi Boskovsky. An der traditioneller Manéier vum Stehgeiger, déi zu Zäite vun de groussen Danzorchesteren zu Wien dirigéiert hunn, huet de laangjärege Konzertmeeschter vun de Wiener Philharmoniker de Rendez-vous um 1. Januar markéiert. No 25 Joer war Schluss. D'Gesondheet huet net méi matgemaach, a fir den Neijoerschconcert 1980 huet de Willi Boskovsky missen ofsoen. De Geiist koum de 16. Juni 1909 zu Wien op d'Welt.