Blue Note
De Maxime Bender am Interview
60 min
De Maxime Bender ass e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Musekszeen. Als Leader huet hie schonn vill Albumen erausbruecht, am Quartett oder esouguer mat kompletter Big Band. Hien ass den 11.06 an der Philharmonie ze héiere mat esou héichkarätegen europäesche Museker wéi dem Joachim Kühn, Daniel Humair a Stéphane Kerecki. Doriwwer eraus huet hien eng beweegten Aktualitéit mat de Projeten Herr Bender an Universal Sky. Hien huet awer och nach eng Roll op där anerer Säit vum Dësch: als Direkter vum Trifolion zu Iechternach ass hie responsabel fir eng enorm villsäiteg Programmatioun iwwer d'ganzt Joer, besonnesch awer fir den Echterlive Festival vum 16.-24.07. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.
Episoden
Loran Witteveen
E Pianist, deen am Moment zu Den Haag lieft a schafft, an dat virun allem u senge Kompositiounen. Hie schreift vill Etudë fir Solo Piano oder fir säin Tri.
Thelonious "Sphere" Monk at a 100
Viru genee 100 Joer sinn zwou Ikone vum Jazz - den Trompettist Dizzy Gillespie an de Pianist Thelonious "Sphere" Monk gebuer.
Thelonious "Sphere" Monk at a 100
Viru genee 100 Joer sinn zwou Ikone vum Jazz - den Trompettist Dizzy Gillespie an de Pianist Thelonious "Sphere" Monk gebuer.
![Ernie Hammes a säin neien Opus: Evolution](/legacy/images/41114/image-thumb__41114__base_thumbnail/Ernie%20Hammes.4c7ec92d.jpg)