Album vun der Woch
D'Gefill vu réien Daten
9 min
Eisen Album vun der Woch kënnt vun enger Band vu Manchester, déi sëch viru gutt 12 Joer no deene leschten zwou Textzeile vun engem Radiohead Song benannt hunn - Everything Everything. Vun hire Virbiller hunn si den Usproch op intelligente soziale Commentaire a musikalesch Innovatioun geierwt; de musikalesche Bagage hate si äus der Virgängerband Bison, an daer 3 vun hinnen zesumme Math Rock gespillt haten. Hirem Debut "Man Alive", 2010, gouf vun der BBC als bewosst exzentresch beschriwwen. Ob hir neisten a 6. Studioplack "Raw Data Feel" och esou héige Luef verdéngt, gi mir elo gewuer. De Marc Clement äus der Museksredaktioun huet sech di nei Scheif ugelauschtert an ass de muere bei eis am Studio, moie Marc.
Episoden
En Traueralbum vun der anerer Zort
Op "Milk For Flowers" léisst den H.Hawkline eis un senger Trauer deelhuelen - mat iwwerraschende Popmelodien a kantege Gittaren
Radikal Léift an hir Komplexitéiten
Eng interessant Plack, déi déi däischter Synthesizer-Landschaften a sozialkritesch Usätz vun den Dreijers an eng aner Zäit bréngt, an hir Relevanz nach eemol ënner Beweis stellt.

Eng zimlech eckeg Scheif
Alles, mee net langweileg ass deen neien Album vun der Lëtzebuerger Songschreiwerin Florence Besch. "Hi Now Hello" ass e ganz villverspriechenden Debut.
Eng zimlech eckeg Scheif
Alles, mee net langweileg ass deen neien Album vun der Lëtzebuerger Songschreiwerin Florence Besch. "Hi Now Hello" ass e ganz villverspriechenden Debut.
Pop-Gröössewan a beschter Manéier
Mat hirem zweeten Album réckelt déi amerikanesch Kënschtlerin Caroline Polacheck e gudde Krack méi no un de Pop-Olymp.
Pop-Gröössewan a beschter Manéier
Mat hirem zweeten Album réckelt déi amerikanesch Kënschtlerin Caroline Polacheck e gudde Krack méi no un de Pop-Olymp.
Eng Geschicht iwwer falsch Verstoe vun der Léift
Als Geschichtenerzieler vun éischtem Rang wieft de kanadesche Lidderschreiwer Andy Shauf op senger sechster Studioplack "Norm" een décke Plot, deen engem Horrorfilm würdeg ass.

![Déi perfekt Well](/legacy/images/6424/image-thumb__6424__base_thumbnail/The_WAEVE_The_WAEVE_Album_Artwork.9cd99420.jpg)