Concert
Concert
Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxembourg den 21. November 2005 am groussen Auditorium vun der Philharmonie. Direktioun: Jack-Martin Händler Solist: Mischa Maisky, Cello Um Programm: Sergei Prokofiev: Klassesch Sinfonie, op.25; Camille Saint-Saëns: 2. Cello-Concerto a ré mineur, op.119; 1. Cello-Concerto a la mineur, op.33; Franz Schubert: 9. Sinfonie an ut majeur, D.944 «la Grande». De Mischa Maisky, dee schonn e puermol zu Lëtzebuerg op Besuch war mat diversen Orchesteren, spillt op engem Cello vum Domenico Montagnana, Venedig 1720. Presentéiert vum Fernand Weides. (Rediff.)