An der franséischer Politik suerge Mëssbrauchsfäll fir Opreegung. Eleng dëse Mount sinn dowéinst zwee Kandidate vun de Parlamentswalen zeréckgetruedenen: De Mëttwoch de Jérôme Peyrat, Kandidat vum Emmanuel Macron senger Partei La Republique en Marche - an eng Woch virdrun den Taha Bouhafs, Kandidat vun der lénker France Insoumise. Virun de legislativ Walen den 12. a 19. Juni gëtt iwwer sexuell Gewalt an der Politik gestridden.
Dozou vu Paräis eise Korrespondent Léonardo Kahn.