Album vun der Woch
Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sharon Van Etten gëlt no enger Dose Joeren am Museksbusiness als Instanz an als Inspiratioun fir sëllechen aner Museker:innen. Si steet fir Integritéit a Qualitéit an huet hire Songwriting iwwert d'Joeren esou verfeinert, datt all Toun sëtzt.
2018 hat si mat hirem 5. Album "Remind Me Tomorrow" de groussen Duerchbroch. Tracks wéi "Seventeen" an "Comeback Kid" hunn deemols mat hirem wueldoséierte Springsteen-Pathos ee Nerv getraff. Déi nei Plack "We've been going about this all wrong", wat sou vill heescht wéi "Mir sinn déi Saach ganz falsch ugaangen", knäppt musikalesch genee do un.
Episoden
En Traueralbum vun der anerer Zort
Op "Milk For Flowers" léisst den H.Hawkline eis un senger Trauer deelhuelen - mat iwwerraschende Popmelodien a kantege Gittaren
Radikal Léift an hir Komplexitéiten
Eng interessant Plack, déi déi däischter Synthesizer-Landschaften a sozialkritesch Usätz vun den Dreijers an eng aner Zäit bréngt, an hir Relevanz nach eemol ënner Beweis stellt.

Eng zimlech eckeg Scheif
Alles, mee net langweileg ass deen neien Album vun der Lëtzebuerger Songschreiwerin Florence Besch. "Hi Now Hello" ass e ganz villverspriechenden Debut.
Eng zimlech eckeg Scheif
Alles, mee net langweileg ass deen neien Album vun der Lëtzebuerger Songschreiwerin Florence Besch. "Hi Now Hello" ass e ganz villverspriechenden Debut.
Pop-Gröössewan a beschter Manéier
Mat hirem zweeten Album réckelt déi amerikanesch Kënschtlerin Caroline Polacheck e gudde Krack méi no un de Pop-Olymp.
Pop-Gröössewan a beschter Manéier
Mat hirem zweeten Album réckelt déi amerikanesch Kënschtlerin Caroline Polacheck e gudde Krack méi no un de Pop-Olymp.
Eng Geschicht iwwer falsch Verstoe vun der Léift
Als Geschichtenerzieler vun éischtem Rang wieft de kanadesche Lidderschreiwer Andy Shauf op senger sechster Studioplack "Norm" een décke Plot, deen engem Horrorfilm würdeg ass.

![Déi perfekt Well](/legacy/images/6424/image-thumb__6424__base_thumbnail/The_WAEVE_The_WAEVE_Album_Artwork.9cd99420.jpg)