Album vun der Woch
Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sharon Van Etten gëlt no enger Dose Joeren am Museksbusiness als Instanz an als Inspiratioun fir sëllechen aner Museker:innen. Si steet fir Integritéit a Qualitéit an huet hire Songwriting iwwert d'Joeren esou verfeinert, datt all Toun sëtzt.
2018 hat si mat hirem 5. Album "Remind Me Tomorrow" de groussen Duerchbroch. Tracks wéi "Seventeen" an "Comeback Kid" hunn deemols mat hirem wueldoséierte Springsteen-Pathos ee Nerv getraff. Déi nei Plack "We've been going about this all wrong", wat sou vill heescht wéi "Mir sinn déi Saach ganz falsch ugaangen", knäppt musikalesch genee do un.
Episoden
Mam Album Nummer zwee op Nummer sécher
No hirem gefeierten Debut vun 2021 stellt déi brittesch Musekerin Arlo Parks mat "My Soft Machine" de laang erwaarten Nofollger vir.
Mam Album Nummer zwee op Nummer sécher
No hirem gefeierten Debut vun 2021 stellt déi brittesch Musekerin Arlo Parks mat "My Soft Machine" de laang erwaarten Nofollger vir.
Joan of All
No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
Joan of All
No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
Vu Wuerzelen a Flilleken
Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
Vu Wuerzelen a Flilleken
Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
Ee gudde Jong
Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
Ee gudde Jong
Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
E schéinen Duercherneen
Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
E schéinen Duercherneen
Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
Verstoppen am oppene Bléckfeld
Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
Verstoppen am oppene Bléckfeld
Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
![Ouerwierm mat vill Energie](/legacy/images/11044/image-thumb__11044__base_thumbnail/Robocop%20Kraus.40bfb344.jpg)
Ouerwierm mat vill Energie
Déi däitsch Band Robocob Kraus gallopéiert op hirem neien Album "Smile" mat vill Humor duerch divers Theemen a Stiler.
![Ouerwierm mat vill Energie](/legacy/images/11044/image-thumb__11044__base_thumbnail/Robocop%20Kraus.40bfb344.jpg)