Musek Aktuell
Arno 1949-2022
8 min
Den Arno war bekannt fir seng gebrache Stëmm a säi flamänneschen Accent, eng Frisur wéi frësch erwächt an eng Partie Exzesser. Dëse Samschdeg (23.4.) ass de Chansonnier am Alter vun 72 Joer un de Folge vu Kriibs gestuerwen. De Museker war a sengem Heemechtsland, der Belsch, eng national Ikon a gouf mam Alain Bashung oder nach mam Tom Waits verglach, déi allebéid aus der selwechter Generatioun sinn. 2020 schonn hat hien annoncéiert u Pankreas-Kriibs erkrankt ze sinn. De Marc Clement mat engem Portrait vum Museker.