Musek Aktuell
Hidden Sessions
7 min
Eng Koproduktioun vu Konnektis mat Esch2022 a Partner wéi der Fondation Eme proposéiert Museks- a Kulturevenementer op onerwaarte Plazen - ouni Problemer, dohinn ze kommen. D'Hidden Sessions sinn dofir do, ee Gefill vun Aventure a vun Zesummekommen ze verbannen, dat fir d'éischte Kéier dësen 8. Mee zu Beetebuerg. Elo kierzlech gouf ee Lineup verëffentlëcht, wou ënner aneren Headmasta, Hunneg-Strëpp, den DJ PC, Fumage an Afrobeathoven annoncéiert ginn. Wéini wie spillt, wien nach spillt, a wat ausser Musek nach gebuede gëtt, sinn awer am Fong nach geheim. Am Gespréich mam Lea an Damiano vu Konnektis wollt de Marc Clement wëssen, wat da verstoppt un den Hidden Sessions ass.