Musek Aktuell
Hidden Sessions
7 min
Eng Koproduktioun vu Konnektis mat Esch2022 a Partner wéi der Fondation Eme proposéiert Museks- a Kulturevenementer op onerwaarte Plazen - ouni Problemer, dohinn ze kommen. D'Hidden Sessions sinn dofir do, ee Gefill vun Aventure a vun Zesummekommen ze verbannen, dat fir d'éischte Kéier dësen 8. Mee zu Beetebuerg. Elo kierzlech gouf ee Lineup verëffentlëcht, wou ënner aneren Headmasta, Hunneg-Strëpp, den DJ PC, Fumage an Afrobeathoven annoncéiert ginn. Wéini wie spillt, wien nach spillt, a wat ausser Musek nach gebuede gëtt, sinn awer am Fong nach geheim. Am Gespréich mam Lea an Damiano vu Konnektis wollt de Marc Clement wëssen, wat da verstoppt un den Hidden Sessions ass.
Episoden
Siren's Call 2022
Déi schweedesch Rockband The Hives ass den Headliner vum Festival, de 25. Juni am Neimënster.
Future Past
Op hirer neier Single beweegt sech déi Lëtzebuerger Band vu knaschtegem Rock op méi geschlaffene Pop a Gospel Tonalitéiten.
24h Electroniques For Kids
Déi 13. Editioun vum beléiften Evenement ronderëm déi elektronesch Museksmaschinne gewënnt am Partenariat mat Esch2022 un Envergure.
En déifschwaarze Féiwerdram
"Limbs" heescht deen neien Album vun der brittescher Sängerin Keeley Forsyth, op deem si nees bläischwéier Melancholie vertount.
Den Harry Belafonte kritt 95
Bal ee Joerhonnert ass de Museker, Schauspiller an Aktivist op dëser Welt ënnerwee. E Portrait vun dësem engagéierte Kënschtler.
De Mark Lanegan ass dout
Den düstere Grunge Poet ass en Dënschdeg am Alter vu 57 Joer gestuerwen. E Portrait vum Museker mat der geradderegter Stëmm.
Koll an Aktioun 2022: Éischt Nimm
No zwee Joer Paus ass de Festival nees do. Rendez-vous ass um Päischtweekend zu Maartel.
Koll an Aktioun 2022: Éischt Nimm
No zwee Joer Paus ass de Festival nees do. Rendez-vous ass um Päischtweekend zu Maartel.
Don Cee
De Lëtzebuergeschen Hip-Hopper Don Cee huet seng Debut EP "Cee-Section Vol.1" verëffentlecht.
De Mark Lanegan ass dout
Den düstere Grunge Poet ass en Dënschdeg am Alter vu 57 Joer gestuerwen. E Portrait vum Museker mat der geradderegter Stëmm.
![Beim Jacques am Atelier](/legacy/images/68377/image-thumb__68377__base_thumbnail/Jacques.b1beccfd.jpg)