Interesséiert u franséischer Literatur a Kulturgeschicht iwwerhëlt de Marcel Noppeney Ufank vum 20. Joerhonnert d'Leedung vun der franséischer Zeitung "Indépendance Luxembourgeoise" an ass Matgrënner vun der Literaturzäitschrëft Floréal. Am Éischte Weltkrich gëtt hien inhaftéiert an zum Doud verurteelt, een Urteel dat duerch d'Interventioun vun der Grande-Duchesse Marie-Adelheid a liewenslänglech ëmgewandelt gouf. Am November 1918 gouf hien aus dem Prisong befreit. Am Zweete Weltkrich gefält seng Astellung den däitschen Besatzer net. Hie kënnt 1941 an d'KZ Dachau. De Marcel Noppeney stierft de 5. Abrëll 1966 am Alter vun 88 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 145 Joer koum de Marcel Noppeney op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.