arrow_back_ios
Musek Aktuell
Disco dans ta cave / Fano
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Dir sidd op der Sich no frëscher Groove Musek aus dem Ländchen? Dann ass haut Äre glécklechen Dag. No Metal In This Battle hunn nämlech op dësem Freideg (15.4.) zwou nei Singele verëffentlecht, déi nees defteg mat Afro, Disco a Rock Aflëss beluede sinn. Den Jamie Reinert huet sech mam Pierre Bianchi vun der Band ënnerhalen.
Musek