Konferenzen
Titanic - Ënnergang virun 110 Joer
57 min
De 14. Abrëll 1912, um 23 Auer a 40 Minutten, ass d'RMS TITANIC, dat deemools gréisste Passagéierschëff, mat enge ronn 2.200 Mënschen u Bord, ob senger éischter Rees tëschent Southhampton an New York, mat engem Äisbierg kollidéiert (RMS steet fir Royal Mail Ship).
2 Stonnen a 40 Minutten duerno goung de Luxusliner am äiskalen Nordatlantik ënner. Eng 700 Leit konnte gerett ginn, ronn 1.500 Fraen, Kanner a Männer haten net iwwerlieft.
De Carlo Link proposéiert an enger Radio-Dokumentatioun chronologesch d'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 gemaach an enregistréiert goufen.
Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun enger éischter Diffusioun op eiser Antenn vum 14. Abrëll 2002.
Audio-Extrait: Lauschtert, d'Lëscht vun der Titanic-Prominenz aus der éischter Klass
Geschichts-Quellen: Titanic [Geoff Tibballs] 1997
Toundokumenter: "Témoignages des Survivants" [Institut des Archives Sonores - International Radio/TV-Archiven - Éditions Frémaux & Associés] 2000
O-Téin: Titanic-Film [James Cameron] 1997
Rettungsboot-D vun der Titanic, fotographéiert vun engem Passagéier vum Rettungsschëff, der RMS Carpathia (Ëffentlechen Domaine)
Vue op de Bug vun der RMS Titanic am Nordatlantik, Juni 2004 vun der "ROV (Remotely Operated Vehicle) Hercules" wärend enger Expeditioun, déi zréck bei de Schëffswrack koum (Ëffentlechen Domaine)