Panorama
Panorama
13 min
Index-Tranche erfällt e Freideg, 1. Abrëll, sou STATEC, d'Salaire ginn dan 2,5 Prozent gehéicht
Zu Lëtzebuerg goufe bis elo 2,5 Milliarden Euro agefruer wéinst den EU Sanktioune géint Russland, huet d'Finanzministerin mat gedeelt
D'ADR wier am Opdrfiff a géif op Gewënner bei de Walen d'nächst Joer hoffen, sot hire neie President Fred Keup virdrun op eiser Antenn
An Israel gouf et dat drëtt Attentat bannen enger Woch, fënnef Leit si bei Tel Aviv erschoss ginn
D'Signaler vu Russland no der Friddensgespréicher wiere positiv, mee si géifen net d'Explosioune vu russesche Granaten iwwertéinen, sot den ukrainesche President
No zwee Joer Pandemie fänken d'Restauranten, Caféen an Hoteller un, sech ze erhuelen, seet d'Horesca
Nei Gesetzer iwwert de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht goufe virgestallt
D'Zukunft vum Galvaniséierungs-Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng a sengen 195 Salariéen ass weider ongewëss
Am Futtball hunn och Portgual a Polen sech fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert