A senge leschte Romaner "La Clé USB" a "Les Emotions" hätt sech eng gewësse Suerg breet gemaach, sou de belsche Schrëftsteller am Interview mam Michel Delage. Déi Suerg, déi och op déi international Situatioun zréckzeféiere wier, géif een och a senge méi rezente kuerzen Texter verspieren.
De Jean-Philippe Toussaint war d'lescht Woch an der Abtei Neimënster, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner.