Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

Webinar

100komma7.lu / Webinar

/ D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

D'Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

headphones

90 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Traditionell geschitt d'Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch, dobäi ass ee vun de Paradigmen d'Bréckefunktioun vum Lëtzebuergeschen am Zykle 1. Donieft ginn et awer an der ëffentlecher Schoul och haut schonns Alternativen, nämlech am Europaschoul-System.

Ronderëm d'Alphabetiséierung stelle sech vill Froen. Wéi en Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch? Wat kréien d'Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee fir d'Alphabetiséierung ze begleeden?

Dës an aner Froen stinn am Mëttelpunkt vun engem Webinar, dee SCRIPT a radio 100,7 zesummen ubidden.

Am Studio sinn: d'Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training op der Uni Lëtzebuerg, d'Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire, d'Sarah Scholtes, Enseignante am Zykle 2 zu Schëffleng an de Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l'Enseignement Fondamental Suessem.

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren.

D'Nolauschterer kënnen hir Froen iwwer d'Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp 621 44 00 44 stellen.

D'Participatioun vun Enseignanten um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu

An Zesummenaarbecht mam Script

Politik a Gesellschaft

Episod