arrow_back_ios
Musek Aktuell
Bartleby Delicate
De Georges Goerens ass vum 19. bis den 31. Mäerz op Däitschland Tournée mat engem Tëschestopp zu Esch Uelzecht. De Covid huet dem Bartleby Delicate säin Elan nawell ferm gebremst. Am Februar huet hien e Concert an der Philharmonie gespillt an déi Soirée soll op Vynil veréiwegt ginn. Wéi d'Tournée an Däitschland an de Concert an der Philharmonie verbonne sinn erkläert de Frontmann vu Seed To Tree dem Philippe Hansen.