Radioen

On air

Notturno  |  Loudon Wainwright III - Lullaby

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

'Shaved Her Legs and then he was a she' heescht et am Lou Reed sengem Klassiker 'Walk On The Wild Side' deen de Nolauschterer mathëlt an d' New Yorker Transvestie-Zeen. Esou liewe wéi een et fir gutt, natierlech a richteg fënnt: dat mécht och haut - a schonns laang - d'amerikanesch Sängerin Jayne County.

Si gouf 1947 als Wayne Rogers gebuer, war fréi an der Queer-Welt ënnerwee, aktiv als Dragqueen an och als Museker, dat ënnert dem Kënschtlernumm 'Wayne County and the Electric Chairs'. 1979 ass aus dem Wayne d'Jayne County ginn - déi hir Transidentitéit ganz oppe lieft an dacks fir d'LGBTQ-Communautéit am Asaz ass. D'Jayne steet mat hiren antëschent 75 Joer ëmmer nach op der Bün, speziell bei Meetingen a Festivalle wou sensibiliséiert gëtt, a bréngt nach reegelméisseg nei Produktiounen eraus.

"Man Enough To Be A Woman' - nach als Wayne County opgeholl - ass hire bekanntesten Titel. Dës Opfuerderung haart ze sangen war 1978 alles anescht wéi eng Selbstverständlechkeet - an och haut ass et a munche Länner nach e No-Go.

D'Playlist vun haut:


Sammy Hagar - Personal Jesus (Sammy Hagar & Friends, 2013)
Uriah Heep - Stealin' (Sweet Freedom, 1973)
Duffo - Walk On The Wild Side (Bob The Birdman, 1981)
Wayne County & The Electric Chairs - Man Enough To Be A Woman (Storm The Gates Of Heaven, 1978)
Ray Davies & Paloma Faith - Lola (See My Friends, 2010)
The Clean - Do Your Thing (Modern Rock, 1984)
Dandy Warhols - Cool Scene (Thirteen Tales From Urban Bohemia, 2000)
Patti Smith - Glitter In Their Eyes (Gung Ho, 2000)
Peter Gabriel - Diggin' In The Dirt live (Live Blood, 2012)
Peter Gabriel - Solsbury Hill live (Live Blood, 2012)
Water - Night About Four (The Second Day, 1975)
Xavier Rudd - Conceal Me (To Let, 2002)
Jimi Hendrix - Vodoo Child / Slight Return (Electric Ladyland, 1968)

Musek

Episoden

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow