Panorama
Panorama
12 min
E Kand gouf gëschter vun engem Automobilist ugestouss a blesséiert, op der Areler Strooss zu Capellen, op der Héicht vum Schoulcampus, sou d'Police
D'EU huet weider Sanktioune géint Russland decidéiert. Viséiert sinn ënner anerem eenzel Persounen an Organisatiounen, déi an de russesche Krich an der Ukrain verwéckelt sinn
De Moie goufen nees russesch Attacke bei der ukrainescher Haaptstad Kiew gemellt. Et wieren op d'mannst zwee Leit ëm d'Liewe komm, wéi e Wunnhaus vu Rakéite getraff gouf, esou Agence France Presse.
D'Stad Lëtzebuerg bereet sech dorop vir, vill Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen, sot eis d'Buergermeeschterin Lydie Polfer
Op der russescher staatlecher Telé huet eng Mattarbechterin wärend de Noriichten en direct géint de russesche Krich an der Ukrain protestéiert
Eng Impfflicht zu Lëtzebuerg géif nach ëmmer Sënn maachen, seet de Dr. Gerard Schokmel. Et misst een sech dorop virbereeden, datt am Hierscht d'Infektiounszuele nees klammen