Musek Aktuell
Siren's Call 2022
5 min
Déi schweedesch Rockband The Hives ass den Headliner vum Siren's Call Festival, de 25. Juni am Neimënster. Aner Artisten op der Affiche sinn de Lëtzebuerger Sänger Chaild, déi polnesch Pianistin Hania Rani, oder déi brittesch Nothing But Thieves. De Festival proposéiert och eng Programmatioun fir Kanner, ënner anerem mat enger Performance vun der Rapperin Nicool als "Nikki Ninja", zesumme mat der Lëtzebuerger Band Afrobeathoven.
De radio 100,7 wäert de 25. Juni vun 2 bis 7 Auer am Nomëtteg live vum Festival iwwerdroen. Den Yves Stephany am Gespréich mat den Organisateuren